
Zu Rëmeleng an der Rue de la Bruyère ass e Freideg den Owend géint 17.40 Auer en Auto an e Bam gerannt. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. Ambulanze vun Diddeleng an Esch waren op der Plaz.
E Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg huet et dann awer och nach direkt op e puer Plaze gebrannt. Ee Blesséierte gouf et géint 19.40 Auer zu Esch an der Rue du Fossé, wou Dreck gebrannt hat.
Et war zwar dat eenzegt Feier mat engem Blesséierten, ma et war net dee leschten Asaz vum Owend fir d’Pompjeeë vun Esch: Géint 21.40 Auer huet et ausserdeem an der Zement-Fabrik zu Esch an der Rue Romain Fandel gebrannt. Blesséiert gouf hei keen. Géint 4 Auer Moies goufen d’Pompjeeë vun Esch dann nach emol an d’Rue Marie-Muller Tesch geruff, wou eng elektresch Këscht gebrannt huet.
Nach ee Feier gouf et géint 20 Auer zu Dikrech a géint 23 Auer der Rue du Palais an zu Wuelmereng an der Avenue de la Liberté. Hei hat eng Kéier Kichegeschier gebrannt an eng Kéier ee Koup Holz. A béide Fäll gouf allerdéngs kee blesséiert.