
Um CR309 tëscht dem Donkelsser Poteau a Schleef hat et ëm kuerz no 1 Auer gerabbelt. Een Auto war am Coup an et goufen zwee Blesséierter, ëm déi sech Ambulanze vu Rammerech a Wolz gekëmmert hunn. Si koume liicht blesséiert an d’Spidol.
De Chauffer hat an der Kéier d’Kontroll iwwert säin Auto verluer. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, esou datt de Fürerschäin nach op der Plaz fort war an d’Affär un d’Geriicht geet.
D’Stater Pompjeeë waren ausserdeem ëm kuerz virun 22 Auer an d’Rue Charles Darwin zu Gaasperech an den Asaz gefuer, wou an engem Appartement ee Feier lassgaange war. Hei gouf et keng Blesséierter.
Ee weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et dann e Samschdeg um 12.15 Auer, wéi tëscht Wolz an Noutem op der N26 en Auto bäigaangen ass. Hei waren d’Pompjeeën an d’Ambulanciere vu Wolz op der Plat.