Passend fir d'BéierfestEen neien Humpe fir d'Dikrecher Musek

Marc Hoscheid
Nodeems de viregte Béier-Krou d'lescht Joer bei engem Brand zerstéiert gouf, weist de Fuesveräin "D'Jungen aus dem Schluechthaus" Solidaritéit.
Deen neien Humpen ass schonn als Cadeau verpak.
Deen neien Humpen ass schonn als Cadeau verpak.
© Marc Hoscheid

De Béier gehéiert zu Dikrech wéi d’Cavalcade, den Iesel oder d’Sauer. Zanter 1968 organiséiert déi Dikrecher Musek d’Béierfest. An dozou huet och laang Jore gehéiert, datt mat engem groussen Humpe Reklamm gemaach gouf. D’lescht Joer dunn de Schock. Um Owend vum 24. Mee stoung eng Gedrénksbud a Flamen an där den Humpen ënnerbruecht war.

Am Joer 2023 gouf eng Gedrénksbud a Brand geroden, an där den Humpe stoung.
Am Joer 2023 gouf eng Gedrénksbud a Brand geroden, an där den Humpe stoung.
© Denny Bierchem/RTL-Archiv

Den 18. an 19. Mee ass déi nächst Editioun vum Béierfest a laang hunn déi Responsabel vun der Philharmonie municipale Diekirch gemengt, datt een dëst Joer op den Humpen, also op d’mannst als Reklamm, verzichte muss. Bis op eemol Hëllef vun engem aneren Dikrecher Veräin koum. “D’Jungen aus dem Schluechthaus”, ee Fuesveräin, deen 1973 vun Aarbechter aus dem fréieren Dikrecher Schluechthaus gegrënnt gouf, waren dëst Joer ausnamsweis net mat engem Won op der Cavalcade vertrueden an haten dowéinst e bëssi Zäit. A wann een Zäit ze vill huet, kënnt ee bekanntlech op Iddien. Zu knapp enger Hand voll Leit huet ee sech dru gemaach, een neien Humpen ze bauen. Wéi dee genee ausgesäit, dovunner konnte mer eis beim Treffe mat Vertrieder vun der Philharmonie municipale Diekirch an de “Jungen aus dem Schluechthaus” leider kee Bild maachen. Dee war nämlech schonn als Cadeau agepaakt.

Deen neien Humpen ass schonn als Cadeau verpak.
Deen neien Humpen ass schonn als Cadeau verpak.
© Marc Hoscheid

Dat eenzegt wat ee soe kann, ass, datt deen neie Krou sou héich wéi een ausgewuessenen Dikrecher ass. Dat läit och dorunner, datt en op enger Plack steet. Dat hätt och de Virdeel, datt den Humpe méi schwéier ass an dowéinst net esou liicht geklaut ka ginn. Dat ass net ganz onwichteg, well an der Vergaangenheet ass et e puer Mol virkomm, datt Leit d’Fanger net vum Humpe loosse konnten. Sou erënnert sech de Paul Maas vun der Dikrecher Musek dorunner, datt ee Joer een hollänneschen Tourist et eng Kéier extrem witzeg fonnt hat, mam Béier-Krou an d’Foussgängerzon ze trëppelen. Ma well ee Member vun der Musek dee Moment mam Auto laanschtgefuer ass, war den Ausfluch séier eriwwer.

Een anert Joer hunn e puer Jonker den Humpen entfouert a si mat ëm am Bus fortgefuer. Deemools sinn déi Responsabel vun der Musek op de Kierchbierg bei RTL komm, fir um Radio den Opruff ze maachen, datt den Humpen dach wannechgelift säi Wee op Dikrech fanne sollt, da géing een och op eng Plainte verzichten. An deen Appell sollt dann och Friichten droen.

Och “d’Jungen aus dem Schluechthaus” verbënnt eng Geschicht mam Humpen, wéi sech de Mich Fayot erënnert. D’Béierfest gouf bis 1998 op der Kluuster organiséiert. Dono war du mol Schluss an den Humpe gouf an enger Hal tëschegelagert. Am Joer 2000, wéi d’Brauereien Dikrech a Mousel matenee fusionéiert hunn, ass den Humpe bei der Cavalcade mat um Won gefuer. Dofir gouf de Logo extra ugepasst.

Am Joer 2000 hunn d'Brauereien Dikrech a Mousel fusionéiert.
Am Joer 2000 hunn d’Brauereien Dikrech a Mousel fusionéiert.
© Philharmonie Diekirch

Am Joer 2009 gouf d’Béierfest rëm an d’Liewe geruff, zanterhier gëtt et am Park hannert der Gemeng organiséiert. Vun deem Moment u war och nees den Humpe mat derbäi. 2018 gouf en iwwerdeems vun den Damme vun der Dikrecher Musek renovéiert. 2023 gouf en dunn awer eben Affer vun de Flamen. D’Iwwerreechung vum neien Humpen ass e Samschdeg (11. Mee) um 12.00 Auer op der Liberatiounsplaz zu Dikrech. Dobäi spillt d’Musek e puer Märsch an offréiert an engem Café op der Plaz och deen een oder anere Patt. Ee Faass ass fir “D’Jungen aus dem Schluechthaus” reservéiert. “A si hu besser, datt se dat eidel maachen”, mengt de Paul Maas mat engem Schmunzelen. “Kee Problem”, kënnt et wéi aus der Pistoul geschoss vum Mich Fayot mat engem Laachen zeréck.

Back to Top
CIM LOGO