
An doriwwer huet ee sech bei Munhowen an engem Communiqué nawell erstaunt gewisen. Et wier déi éischte Kéier, datt d’EU-Kommissioun een Zesummeschloss vun zwee regionalen Acteuren, deenen hiren Ëmsaz zesummen ënnert 130 Milliounen Euro läit, iwwerpréift. Datt d’Kommissioun sech iwwerhaapt mam Dossier beschäftegt, läit dorunner, datt déi Lëtzebuerger Autorité de la concurrence ee Renvoi ugefrot huet. Där hire President Pierre Barthelmé erkläert, wat d’Konditioune fir dee Schrëtt sinn.
“Et ass esou, datt all Memberstaat an Europa, wann d’Seuile vun hirem Merger control-Reglement net areecht sinn a se mengen, datt eng Fusioun awer een Impakt op den nationale Marché kéint hunn, respektiv datt déi Fusioun een Impakt op den Handel tëscht de Memberstaate kéint hunn, datt dann all Memberstaat d’Méiglechkeet huet, fir ee Renvoi vun där Fusioun bei der Kommissioun unzefroen.”
Am Fall vu Lëtzebuerg kéim dann nach derbäi, datt de Grand-Duché guer kee Merger control-Reglement, also ee Reglement fir Betribsfusiounen, huet. Dowéinst géing et souwisou keng Minimalseuile ginn. Wat eng méiglech Monopolstellung ugeet, sou wier déi net verbueden, mee et géif awer problematesch, wann dovu profitéiert gëtt, fir ze abuséieren a keng weider Konkurrenz um Marché zouzeloossen. Déi Gefor schéngt een also esouwuel bei der Lëtzebuerger Konkurrenzautoritéit wéi bei der EU-Kommissioun ze gesinn. Gläichzäiteg ënnersträicht de Pierre Barthelmé awer och, datt eng Iwwerpréiwung duerch d’Kommissioun och positiv fir d’Entreprisen ausgoe kann.
D’Autorité de la concurrence huet den Impakt vun der Fusioun op de Gedrénksmarché also analyséiert. Dat ka se vu sech aus maachen, well eng vun den Entreprisen, déi fusionéieren, se dozou opfuerdert oder well et zu enger Denonciatioun duerch ee Konkurrent kënnt. Datt reklaméiert gouf, ass gewosst. Ma et stellt sech awer d’Fro, vu wiem?
Schonn äert iwwerhaapt gewosst war, datt et Reklamatioune gëtt, hunn ech d’Generaldirektesch vu Munhowen, Isabelle Lentz, gefrot, ob se fäert, datt et dozou kënnt.
“Also mir schléissen dat absolut net aus, datt ee Confrère do kéint definitiv eng Plainte maachen.”
Nofro: “Hutt Der do ee speziell am Kapp?”
Isabelle Lentz: “Een.”
Nofro: “A wéi heescht deen?”
Isabelle Lentz: “Ee ganz groussen.”

Domadder kéint vläicht AB InBEV gemengt gewiescht sinn. Mat 200.000 Salariéen an engem Ëmsaz vu gutt 54 Milliarden Euro dee gréisste Brauereigrupp vun der Welt, zu deem och Dikrecher gehéiert. An effektiv huet Munhowen matgedeelt, datt AB InBEV Plainte géint d’Fusioun gemaach huet. Ma vun der Konkurrenzsituatioun heescht et awer, datt direkt e puer sougenannten “Drëttparteien” sech bei hir manifestéiert hunn. Do kënnt engem zimmlech séier d’Simonsbrauerei an de Kapp. D’Generaldirektesch Betty Fontaine wëllt awer net verroden, ob een derbäi war. De Schrëtt vun AB InBEV kéint si awer verstoen.
“D’Dikrecher Brauerei hat jo am Fong eng gréisser Allianz mat Boissons Heintz, si waren och deelweis Aktionär do. Wann Heintz lo net méi indépendent ass, mee Munhowen gëtt, ech menge Munhowen huet als gréissten Interêt, déi Béieren ze verkafen, déi si selwer produzéieren. Sou datt warscheinlech probéiert gëtt, fir de Marché vum Dikrecher duerch dee vun de Béieren aus dem Haus Munhowen z’ersetzen.”

Déi nei Entreprise géing zudeem 80 bis 85 Prozent vum Marché ofdecken, et wier also net vu Muttwëll, d’Fusioun ze kontrolléieren. Dat och am Sënn vum Horeca-Secteur a vum Endverbraucher. Mir wollten och mat engem Responsabele vun der Dikrecher Brauerei schwätzen, mä e puer Ufroe bloufen ouni Äntwert.