Dobäi hunn awer europäesch Sujeten dominéiert. Den Donald Tusk ass Chefnegociateur fir déi Europäesch Vollekspartei EVP. An hien sot zu Senneng, et wier ee ganz no drun, sech mat den Europäesche Sozialdemokraten an der Allianz vun de Liberalen an Demokraten an Europa iwwert d’Neibesetzung vun de Chefposten an Europa eens ze ginn.
“Héchstwarscheinlech wäerten d’Ursula von der Leyen, den Antonio Costa an d’Kaja Kallas d’Top-Poste kréien. An ech sinn zimmlech sécher, datt d’Staats- a Regierungscheffen déi formal an definitiv Decisioun d’nächst Woch huelen.”
Dann ass formelle Sommet zu Bréissel. Den Premier Luc Frieden an den Donald Tusk hunn awer och iwwert Sécherheets- an Defense-Aspekter geschwat. Polen wier an der besonnescher Situatioun, eng Grenz mat Belarus, Russland an der Ukrain ze hunn.
“An dofir si mer iwwerzeegt, datt ganz Europa muss Responsabilitéit iwwerhuele fir säin Territoire, fir seng Baussegrenzen a seng Loftverdeedegung.”
De Luc Frieden huet nach emol widderholl, datt Lëtzebuerg seng Militärausgabe méi séier an d’Luucht schrauft an hien um nächsten Nato-Sommet Detailer géing bekannt ginn. Ma och bilateral wëlle Polen a Lëtzebuerg an Zukunft méi zesummeschaffen. An der Defense, notamment wat Cybersécherheet ugeet, mee och d’erneierbar Energien. “Och do muss ee kucken, wéi ee kann zesumme kooperéieren, well och dat bréngt e Land kaum selwer fäerdeg. Polen huet nach ganz vill Energie, déi baséiert op der Kuel. Si mussen also och dovun ewechkommen. Dat geet net vun haut op muer. Mee dat muss ee gemeinsam maachen. Souwuel an der Defense wéi bei der erneierbarer Energie sinn ech och der Meenung, datt een dat och zum Deel muss mat gemeinsamen europäesche Suen maachen”, esou de Luc Frieden.
Kee Land wier räich a staark genuch, fir dat eleng ze maachen.