
Datt d’Cent-Mënzen hei am Land, ma och am Rescht vun der EU onbeléift sinn, weisen d’Resultater vum rezentsten Eurobarometer. 58% vun alle Befroten aus Lëtzebuerg hu sech en Faveur vun enger Ofschafung vun den 1- an 2-Cent-Mënzen ausgeschwat. Bei de Slowake sinn d’Mënzen am onbeléiftsten, mat ganzer 85%, déi sech fir hir Ofschafung ausschwätzen. Déi meescht Fans hu se weiderhin a Griicheland, wou ëmmerhi 55% dofir sinn, se bäizebehalen.

A verschiddene Länner ass d'1- an d'2-Cent-Mënz scho quasi aus dem Alldag verschwonnen, wann och net komplett ofgeschaaft. Hei gi se esou gehandhaabt, datt Geldbeträg, déi beispillsweis 1,99€ kaschten, op 2€ opgeronnt, respektiv wa se e puer Cent iwwert engem volle Betrag leien, ofgeronnt ginn. Gemaach gëtt dat den Ament ënner anerem schonn an der Slowakei, Irland, Holland oder och a Finnland, wou keng nei 1- oder 2-Cent-Mënze méi produzéiert ginn.
Vun der Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) wollte mir ënner anerem wëssen, ob et och zu Lëtzebuerg änlech Bestriewunge ginn, fir d'1- an 2-Cent-Mënze lasszeginn. Dës huet eis un de Finanzministère verwisen, vun deem et par contre geheescht huet, datt d’BCL sech mat deem Dossier befaasse misst.
Um Donneschdeg de Moien huet de Finanzministère dann awer op eis Froe geäntwert a gesot, dass Lëtzebuerg un den 1- an 2-Cent-Mënz festhält. En Ofschafe wier deemno net geplangt.