Ee vun de Pottoe wier duerch seng Héicht extrem visibel; donieft géif dës Variant - wa Creos sech effektiv fir dës decidéiert - e Stéck vum Gréngewald futtimaachen.
Bis Ugangs Juli krut den Ëmweltministère 989 Dossiere erageschéckt, an deene Leit hir Suergen, Remarken oder alternativ Proposen a Saache geplangten nei a méi staark Héichspannungsleitung beschriwwen hunn. D’Gemeng Jonglënster ass hei mat am meeschte betraff an no der Biergerinitiative vun Amber, huet sech och e Grupp Awunner vun Eesebuer zu Wuert gemellt, dat virun allem géint eng vun de méigleche Varianten. An éischter Ligne net well d’Leitung deen Ament ze no bei hiert Duerf kéim, mee well en Deel vum geschützte Gréngewald zerstéiert géif, de Gréngewald, deen zënter dësem Joer och national geschützt ass.
Si wonnere sech, dass dësen Tracé op eemol als Variant virgezu géif – déi huet de Gemengerot Enn Juni an engem 2. Avis “in aller Deutlichkeit abgelehnt”.
Nieft deene vun Amber huet och Eesebuer Avisen un den Ëmweltminister geschéckt a sech d’Méi gemaach, eng Simulatioun online ze setzen.
Et géif eng Alternativ, erkläert de Marc Faber, Awunner. Dat ass eng, déi uewen eriwwer, laanscht d’Grenz vun der Gemeng Fëschbech Richtung Luerenzweiler géing lafen mat Traffoen dann awer nieft Allënster. Déi Variant wier net vum Dësch.
Egal wéi kritt déi nei 380.000 Volt-Leitung eng Envergure, déi iwwer Generatioune bestoe bléif – och dat dierft d’Regierung net ignoréieren a se sollt sech iwwerleeën, wat engem eng deels ënnerierdesch Leitung wäert wier am Interessi vu Mënsch an Natur.