D’Lëscht vun de Pirate wier en éierleche Choix gewiescht, esou de Raymond Remakel. Déi méi bekannte Gesiichter vun der Partei hätte sech fir en nationaalt Mandat wiele gelooss, wat se och elo op en Enn géife bréngen: “Do hu mer eng nei Lëscht gemaach mat e bësse manner bekannte Gesiichter.”
D’Pirate wieren eng Partei aus der Mëtt an et géif ee sech staark géint déi extrem Tendenze wieren, esou de Spëtzekandidat: “Mir Piraten, mir sti fir d’Valeure vun der EU a mir wëllen déi Valeuren och weider verdeedegen, well et sinn déi Valeure fir déi, wou eis Grousseltere sech agesat haten.”
Datt de Migratiounspakt zu Stroossbuerg virun engem Mount gestëmmt gouf, géif ee begréissen. Elo misst een awer och kucken, wat dat an de jeeweilege Memberstaate genee heescht. Migranten an en Drëttstaat schécken, géif een net gutt fannen: “Mir sinn der Meenung, dass een dat soll alles hei maachen an dann éischt duerno zréck schécken.”
Fir d’Piraten ass d’Bedeelegung vun de Bierger ee weidert wichtegt Uleies. Fir Europa kéint ee sech dat esou virstelle wéi fir d’national Politik. Wann een als Piraten an d’EU-Parlament kéim, géif ee sech staark maachen, dass eng Online-Biergerbedeelegung méiglech wier.
“Eis Hoffnungen op e Mandat sinn eigentlech ganz grouss”, erkläert de Politiker am Interview. Et wier een eng Partei vun der Mëtt. Wann een e Sëtz géif kréien, da géif déi Persoun mat de meeschte Stëmmen d’Mandat unhuelen.
D’Europawale sinn den 9. Juni. Am Virfeld kommen all d’Parteien, déi eng Lëscht deposéiert hunn, am Format 5 Froen un zu Wuert. Am nächste “5 Froen un” ass d’Tilly Metz vun Déi Gréng am Interview.