
Um Glacis lafen d’Preparatioune fir d’Schueberfouer op Héichtouren. Zwou Woche virun der Ouverture ass och de Charel Hary, President vun der Federatioun vun de Foraine schonn op der Fouer unzetreffen. Et wiere scho vill Geschäfter um Glacis ukomm. D’Forainen aus Däitschland géifen elo e Sonndeg oder Méindeg hei zu Lëtzebuerg ukommen.
Dëst Joer sinn och rëm eng Partie nei Attraktiounen um Glacis vertrueden. Dorënner Poseidons Rache aMr. Gravity, déi besonnesch fir déi Leit interessant sinn, déi nom Adrenalin-Kick sichen. “Do si mir houfreg drop, dat ass jo wat d’Leit gären hätten”, sou de Charel Hary.