Video op de sozialen NetzwierkerÉischt Unzeeche vun engem Tornado am Raum Miersch/Biissen

David Winter
Géint 16.35 sinn op de sozialen Netzwierker Videoen iwwert e méiglechen Tornado opgedaucht. De Jörg Kachelmann bezeechent dat Ganzt als net dramatesch.
Unzeeche vun Tornado
Video: Zoé Wallendorf

Et handelt sech hei ëm sougenannte “Scud-Wolleken”, also Stécker vu Schauer-Wolleken, déi an entgéintgesate Richtungen rotéiert hunn. Wéi op de Radar-Biller ze gesinn, sinn zwou entgéintgesate Scud-Wolleken kuerzzäiteg am Raum Biissen zesummegestouss. Dës erkennt een un de gréngen a roude Flécke bei Biissen, déi sech quasi beréieren.

Zu dëser Aschätzung kënnt de Jörg Kachelmann a baséiert sech hei op Radar-Biller vun Neuheilenbach, deen een och hei observéiere kann.

Och Météo Boulaide, déi géint 17 Auer d’Biller opgegraff haten, kommen och zu der Conclusioun vun de Scud-Wolleken, respektiv vum Ufank vun engem liichten Tornado.

Zu engem wierklechen Tornado ass et awer net komm, och fir déi nächst Stonne gëtt een Entwarnung. Am weidere Verlaf soll sech d’Donnerwieder ëmmer méi entspanen. Eng Tornado-Warnung géif dann och net bestoen.

Unzeeche vun Tornado (2)
Video: Zoé Wallendorf

Meldunge vun der Siichtung koumen aus diverse Regiounen am Raum Miersch. Jee nodeem vu wou een drop gekuckt, hat een eng aner Impressioun, wou genee dat Wiederphenomeen genee opgedaucht ass.

Back to Top
CIM LOGO