
152 Mataarbechter an 11 Filialen vun ACTION Luxembourg si betraff an de Kollektivvertrag gëllt fir 36 Méint, vum 1. Juli 2022 bis 31. Juni 2025.
Ënnert anerem ginn et Verbesserunge bei de Paien, woubäi do och elo d’Anciennetéit consideréiert gëtt. D’Prozedure fir d’Congéë gi besser gereegelt an et ginn elo och zousätzlech Congésdeeg, déi bis op e maximum vun 32 kënne klammen, wann ee 25 Joer am Betrib schafft.