OGBL deelt matÉischte Kollektivvertrag bei Galeries Lafayette ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL konnt en éischte Kollektivvertrag fir déi 75 Salariéeë vun de Galeries Lafayette ënnerschreiwen.
© RTL Archiv

Dat deelt d’Gewerkschaft an engem Communiqué mat. Den Accord géif eng ganz Partie Virdeeler fir d’Salariéë mat sech bréngen, dorënner 8 Stonne Sozialcongé pro Joer oder nach de Wiessel op de Statut vun engem qualifizéierte Salarié no 5 Joer Beruffserfarung.

Den OGBL an d’Personaldelegatioun weise sech zefridden iwwert den Accord, dee fonnt gouf, a schwätze vun enger Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune fir d’Leit, déi bei de Galeries Lafayette schaffen.

Back to Top
CIM LOGO