
Dat huet eng rezent Enquête vun der Ëmweltverwaltung erginn. Dës mécht dann och dorop opmierksam, datt vill vun dësen Apparater nach funktionéieren a rar Materialien dra verbaut sinn, déi nach eng Kéier kéinte genotzt ginn. Deemno mécht d‘Verwaltung den Appell, manner där Apparater ze kafen, respektiv se ze flécken, wa se net méi ginn. A sollte se da bis futti sinn, se anstänneg z‘entsuergen, datt se kënne recycléiert ginn. Dat geet entweder am lokalen Oekocenter, bei der Superdreckskëscht oder och an den Elektronikbutteker.