
Ënnert anerem dat wollt d’LSAP an enger parlamentarescher Fro un d’Transportministesch wëssen. All d’Fligeren, déi tëscht 23 Auer a 6 Auer Moies um Findel landen oder starten, ginn als Nuetsvolle consideréiert. U sech gëllt an där Zäit zu Lëtzebuerg eng “Ausgangsspär” fir Fligeren, si dierfen also net esou wéi se wëlle starten oder landen. Ausname sinn am Gesetz awer virgesinn.
Zejoert goufen et awer 2.553 Nuetsflich. Den Direkter vun der Administratioun vun der Fluchnavigatioun Claudio Clori schwätzt vun enger Hausse iwwert déi lescht Joren, déi op dräi Facteuren zréck ze féieren ass.
Engersäits gëtt et eng allgemeng Hausse vum Fluchtrafic, da ginn et ëmmer erëm Delaien duerch technesch an operationell Problemer. Ma virun allem d’Wiederkonditiounen hu rezent zu villen Delaie gefouert.
“Zum Beispill 2023 war an Europa d’Wieder d’Haaptursaach fir den ATFM Delay, also den Air Trafic Flow Management. Dat ass en Indicateur, deen am Fong moosst, wéi vill Delaien am Reseau entstinn. Déi schlecht Wiederkonditioune waren dann den Haaptfacteur, deen do en Afloss hat. Dëse Juli war de wiederbedéngten ATFM Delay 40 Prozent méi héich wéi am Juli 2023.”
Dëst Joer goufe schonn iwwer 1.000 Reklamatioune gemaach. D’Nuetsvolle maachen awer manner wéi 3 Prozent dovunner aus. De Gros ass op eng Route de Départ zréckzeféieren, déi geännert gouf,
“Eng Route de départ IFR, dat heescht fir déi normal kommerziell Fligeren, déi gouf geännert aus operationelle Grënn. Voilà, an dat bréngt mat sech, dass do méi Reklamatioune lo kommen, well do lo e bëssen aneschters definéiert ginn ass, wéi de Fliger duerchflitt.”
Mee och d’Trainingsfligere géife vill Leit stéieren.
“Natierlech wann esou ee klenge Fliger flitt, dee mécht de Circuit ronderëm en Duerf a ronderëm eng Plaz, jo, an dann entstinn do och ganz vill Doleancen, dee Moment. Bon, déi Fligeren, déi fléien och net héich. Dat sinn och heiansdo esou mol méi eeler Fligeren, déi da Kaméidi maachen”, sou de Claudio Clori.
Den Direkter vun der ANA huet iwwerdeems erkläert, dass eng Reunioun mat der Luxair ugeduecht wier, fir ze kucken, wéi een déi Facteuren, déi ee kontrolléiere kann, verbessere kéint. Notamment Planninge vun de Vollen.