Op den éischte Bléck war et keng wierklech spektakulär Nouvelle: En Donneschdeg ass zu Biissen ee Camion an eng Mauer gerannt an hat eng Camionnette, déi op engem Parking stoung, touchéiert. Blesséiert gouf dobäi keen. Ma de 40 Tonne schwéiere Camion wier bal an ee Bus, dee virun der Spillschoul respektiv der Maison relais stoung an an deem eng Rëtsch kleng Kanner souzen, gerannt. D’Elterevertrieder fuerderen elo Konsequenzen.
Et wier nämlech keen Eenzelfall, mä et kéim reegelméisseg vir, datt Camionen iwwert den CR 306 respektiv d’Mierscher Strooss erfort an d’Uertschaft erafueren. Dat obwuel d’Strooss fir Gefierer iwwer 3,5 Tonne gespaart ass. Eng Ausnam gëtt et fir Urainer a Liwweranten. Ma et géingen och vill Camionen zirkuléieren, déi näischt do verluer hunn, esou de Jean-François Ledesch, dee Member vun der Biisser Elterevertriedung ass.
“Déi Situatioun besteet zanter Joren. Ech selwer wunne lo zanter iwwer zéng Joer an der Mierscher Strooss an ech ka just soen, datt dat net nei ass. De Verkéier hëlt zou, mir hunn ëmmer méi Camionen, déi déi Streck befueren, déi absolut guer näischt op där Strooss verluer hunn. An d’Erfarung seet, et geet net Richtung Besserung.”
D’Pascale Engel ass och Elterevertriederin an huet e Kand, dat am Bus souz, an deen de Camion bal gerannt wier. Si beschreift hir Gefillslag, wéi si iwwer den Incident informéiert gouf.
“Mir kruten am Fong ee Message vun der Maison relais geschéckt, fir eis iwwer dee Virfall ze informéieren. Wéi mer eis Kanner siche komm sinn, goufe mer empfaange mat, mir si bal gestuerwen, wat natierlech fir Elteren ëmmer ganz erschreckend ass. Ech hu mer déi Situatioun dunn awer och ugekuckt, dee grousse Monstertruck vu 40 Tonne stoung nach hei an da ginn engem schonn d’Dronkenellen aus als Mamm, wann ee sech virstellt, wat do geschitt wär.”
Dowéinst fuerderen d’Elterevertrieder, datt elo endlech eppes ënnerholl gëtt, fir datt keng Camione méi iwwert d’Mierscher Strooss a Biissen erafueren. De Buergermeeschter David Viaggi huet selwer Kanner, déi an déi betraffe Schoul ginn an deelt d’Meenung, datt eppes geschéie muss. Et wier een a Kontakt mat der Police a Ponts et chaussées. D’Police géing elo verstäerkt kontrolléieren, ma de Gemengepapp huet nach zwou weider Proposen.
“Dir gesitt och hei, datt mer scho mat Schëlder operéieren. An ech mengen, an engem digitalen Zäitalter, an deem mer sinn, kéint een och vläicht envisagéieren, een digitaalt Schëld dohinner ze setzen, dat fir Opmierksamkeet suergt. A firwat net och Mol préiwen, dat ass eng Iddi, déi ech lo iwwer de Weekend mat verschiddene Leit diskutéiert hunn, firwat net Kameraen, déi après coup ee Protokoll erméiglechen, wann een eragefuer ass.”
Déi genee Ursaach vum Accident ass nach net gewosst, et geet awer dervu rieds, datt d’Bremsen an der géier Pente versot hunn.
De Reportage iwwer d’Situatioun zu Biissen huet och schonn zu enger politescher Reaktioun gefouert. An enger Question parlementaire un den Inneminister Léon Gloden wëllen d’DP-Deputéiert André Bauler a Corinne Cahen wëssen, wéi dacks d’Police an deene leschten dräi Joer Kontrollen op där Plaz gemaach huet a wéi vill Camionschauffere protokolléiert goufen. Dann ass et och nach d’Fro, ob d’Police an deenen nächste Woche verstäerkt Kontrolle maache wéilt.
Materialschued: Camion a Mauer vu Parking zu Biissen gerannt, Chauffer liicht verwonnt