Ronderëm d'Primärschoul Michel Lucius um LampertsbiergElterevertriedung fuerdert méi Stroossesécherheet fir d'Schüler

Marc Hoscheid
Mat Sécherheetsgileten ekipéiert wëlle Membere vun der Elterevertriedung vun der internationaler Primärschoul op Trafic-Problematik opmierksam maachen.
© Marc Hoscheid

Protest Michel Lucius - E Reportage vum Marc Hoscheid

An der Avenue Joseph Sax um Lampertsbierg ginn all Dag eng ronn 500 Schüler an d’Primärschoul Michel Lucius. Well och nach eng Partie aner Schoulen an deem Eck vum Lampertsbierg sinn, ass zu den Haaptstousszäiten entspriechend vill Trafic duerch Busser an Elteren, déi hir Kanner mam Auto an d’Schoul bréngen. Dat féiert der Elterevereenegung vun der internationaler Primärschoul no ëmmer nees zu geféierleche Situatioune fir d’Schüler. Mat enger spezieller Aktioun wëlle si op de Problem opmierksam maachen.

Mat Sécherheetsgileten a Prabbelien ekipéiert hu sech um Dënschdeg de Moie Membere vun der Elterevertriedung vun der internationaler Primärschoul Michel Lucius bei Zebrasträifen an anere Plazen, wou d’Kanner an d’Elteren iwwert d’Strooss ginn, positionéiert. Ëmmer wa Gruppen oder eenzel Persoune kommen, begleeden d’Elterevertrieder si iwwert d’Strooss. Virun allem vun den Eltere kënnt positive Feedback fir d’Aktioun. Et wier moies am Trafic einfach ze geféierlech, fir hir Kanner. Dat ënnersträichen och déi Elterevertriederinnen, déi en Dënschdeg de Moie bei der Aktioun matgemaach hunn.

“C’est vraiment difficile le matin, parce qu’il y a beaucoup de voitures qui s’arrêtent ici pour laisser les enfants. Et ça bloque le trafic beaucoup et après les autres sont énervés, ils veulent peut-être arriver au travail et ils n’ont pas la patience pour laisser les enfants passer.”

“C’est difficile de gérer la quantité de gens et de trafic au même temps. Dans les mêmes 15 ou 20 minutes surtout. Et c’est 50 mètres quarrés plus ou moins, il y a plus que dix endroits pour traverser la rue. Alors, la possibilité d’accidents est trop grande.”

Et hätt ee sech schonn un d’Gemeng, den Educatiounsministère an aner Administratiounen adresséiert, ma et hätt een entweder guer kee Retour kritt, oder de Ball wier weidergespillt ginn. Ma wat fuerdert d’Elterevertriedung dann iwwerhaapt genee?

“Moi je suis pas agent de trafic ou urbaniste, mais je suis sûre qu’il y a des options pour soit gérer la quantité de trafic qui arrive, le faire plus facile, surtout pour les piétons, qui sont les plus vulnerables ici.”

“We would really appreciate, if we would get road supervisors to help the kids cross the streets in the morning.”

Bei anere Schoulen an der Géigend géingen nämlech Agent-municipallen de Kanner iwwert d’Strooss hëllefen. Déi nächst zwou Woche wëll d’Elterevertriedung elo mol mat hirer Aktioun weiderfueren, dat an der Hoffnung, datt déi zoustänneg Autoritéite geschwënn eppes ënnerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO