Ënner anerem mat Raimlechkeete fir d'JustizËmbauaarbechten a fréierer Nationalbibliothéik sollen nächst Joer ufänken

RTL Lëtzebuerg
Dat gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert. Et ass ee sech kloer, datt dëst keng dauerhaft Äntwert ass, mä op d'mannst en Deel vun enger.
© RTL (Archiv)

Net méi spéit ewéi e Mëttwoch huet d’Justiz op hirem Neijoerschpatt widderholl, datt et an der Cité judiciaire och u Plaz feelt. An Zukunft soll d’Justiz duerfir Deeler vun der fréierer Nationalbibliothéik nieft der Kathedral fir hir Zwecker kënnen notzen. Dofir sinn awer nach gréisser Renovatiouns- respektiv Ëmbauaarbechte virgesinn. Den entspriechende Projet gouf an der Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte presentéiert.

Ëmbauaarbechten a fréierer Nationalbibliothéik / Reportage Marlène Clement

Mat de Gebailechkeete vun der aler Nationalbibliothéik respektiv dem ale Stater Kolléisch géif een op d’mannst zum Deel eng Äntwert op de Plazmanktem an der Cité judiciaire ginn, mengt de Vizepresident vun der zoustänneger Kommissioun an LSAP-Oppositiounsdeputéierten Yves Cruchten.

Dat ass scho mol gutt. Mä dat ass net d’Äntwert op d’Plazproblemer vun der Justiz. Do ass jo och d’Regierung, déi ugekënnegt huet, eng nei Cité judiciaire vläicht ze bauen. Dat schéngt mer éischter de richtege Wee ze sinn. Mä dat hei ass schonn emol en attendant – mir wësse jo wéi laang et zu Lëtzebuerg tëschent enger Iddi an der Realisatioun dacks dauert – ass dat heite gutt, datt mer do scho méi konkret sinn.”

Dat historescht Gebai soll awer net nëmme fir administrativ, ma och fir kulturell Zwecker genotzt ginn. De Rez-de-chaussée wäert deemno ëffentlech zougänglech sinn, mat ënnert anerem enger Fläch fir Ausstellungen an engem Café littéraire. D’Presidentin vun der Kommissioun Corinne Cahen vun der DP geet dovunner aus, datt d’Aarbechten eventuell d’nächst Joer ufänke kënnen.

An dann dauert dat natierlech e puer Joer. Notamment fir d’Nationalbibliothéik, also den ale Kolléisch, gouf gesot, dass do geplangt ass, datt 2030 dat ganzt Gebai soll fäerdeg sinn.

D’Regierung huet ronn 55 Milliounen Euro fir d’Renovatiouns- an Ëmbauaarbechte virgesinn.

Ee weidere Projet, deen en Donneschdegmoien an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert gouf, ass dee vum Lycée Michel Lucius. Dee soll jo bekanntlech op de Kierchbierg plënneren. Dat awer fréistens am September 2030, wéi de Vizepresident vun der Kommissioun Emile Eicher eis op Nofro matgedeelt huet. Geplangt war eigentlech, datt déi ronn 1.800 Schüler 2028 kéinten an dat neit Gebai plënneren. Am aktuelle Gebai um Lampertsbierg sinn eng 1.600 Schüler.

Back to Top
CIM LOGO