Parlamentaresch FroËmmer méi Doktere gräifen op de PID zeréck

Jean-Marc Sturm
PID steet fir Paiement immédiat direct a soll dem Patient wéi och dem Dokter d'Liewe méi einfach maachen.
© AFP

Dee PID ass am gaangen, säi Wee ze maachen. Dat geet aus der Äntwert vun der Ministesch fir Gesondheet a Soziales Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vum Mars di Bartolomeo ervir.

De Prinzip vum PID ass deen hei: De Patient bezilt beim Dokter nëmmen nach seng eege Participatioun vun der Rechnung. Den Dokter kritt vun der Gesondheetskeess bannent 48 Stonnen d’Part statutaire iwwerwisen, nodeems d’Preuve de paiement agaangen ass, respektiv den nächste Schaffdag, wann e Weekend oder Feierdag an den Delai fält.

Ugangs vum Joer hunn, deels wéinst der Software, manner wéi 100 Doktere beim PID matgemaach. Aktuell sinn et der scho ronn 500 vun 2.600 Generalisten, Spezialisten an Zänndokteren, déi hei am Land exerzéieren. Dat waren 8.000 Dokteschrechnungen am Januar a schonn ëm déi 80.000 am September, déi iwwert de PID ofgewéckelt goufen.

Via hier Urgentisten, Radiologen an Zänndoktere maachen d’Hôpitaux Robert Schuman beim PID mat. Am CHL ass een nach am Rodage, idem beim Nordspidol, wou een de PID an enger éischter Phas op d’Urgentistë limitéiert.
Beim Escher CHEM ass een nach an der Diskussiounsphas.

Ëmmer méi Doktere gräifen op de PID zeréck / Jean-Marc Sturm

Back to Top
CIM LOGO