
Entgéint deem, wat versprach gouf, suergen d’Grenzkontrollen an Däitschland a Richtung Tréier op der A64 fir gréisser Problemer am Trafic. Duerfir fuerdert de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond en Donneschdeg, den Inneminister Léon Gloden misst direkt bei sengen däitschen Homologen intervenéieren.
Am RTL-Interview erkläert de Christophe Knebeler vum LCGB, datt ëmmer méi Leit beim Syndikat reklaméiere géifen. Hei wier eng Haaptverkéiersoder betraff an dat sollt een net kleng rieden. Net nëmmen, datt de Geescht vu Schengen prinzipiell duerch d’Grenzkontrollen a Fro gestallt wier, géif och déi däitsch-Lëtzebuerger Relatioun drënner leiden. An dat no der Iwwerstonnendiskussiounen. Dobäi wier d’Lëtzebuerger Wirtschaft dach op d’Frontalieren aus Däitschland ugewisen.
Um Radio 100,7 hat den CSV-Inneminister nach en Donneschdeg de Moie gemengt, nach kee Grond ze gesinn, fir zu Berlin wéinst de Kontrollen op der Grenz intervenéieren ze missen. Däitschland huet um Hannergrond vun der Asyldiskussioun an eisem Nopeschland fir déi nächst 6 Méint punktuell Grenzkontrollen op der Grenz mat Lëtzebuerg, Frankräich, der Belsch, Holland an Dänemark agefouert. Op deenen anere Landesgrenze gëtt scho méi laang kontrolléiert. D’Hoffnung ass, fir direkt op der Grenz schonn illegal Migranten opzefänken an ofzeweisen.