Chômage zu Lëtzebuerg klëmmtËmmer méi Jonker mat Héichschoul- oder Unisdiplom bei der Adem ageschriwwen

RTL Lëtzebuerg
D'Aarbechtsamt mellt eng Hausse vun de Chômage-Zuelen de leschte Mount.

Bal 17.500 Residente waren am Mee bei der Adem ugemellt, dat sinn der 15 Prozent méi wéi deen nämmlechte Mount d’lescht Joer.

Déi wichtegst Haussë ginn et bei Jonken ënnert 30 Joer, esou wéi och bei Leit, déi méi qualifizéiert sinn, also en Héichschoul- oder Unisdiplom hunn.

Och d’Zuel vun de Leit, déi sech am Mee nei bei der Adem ugemellt hunn, klëmmt. Dat ëm 2,6 Prozent. Am Communiqué präziséiert d’Adem, dass ënnert den neien Umeldunge vum leschte Mount och 51 Leit sinn, déi aus der Ukrain an de Grand-Duché geflücht sinn. Dës Leit hu jo, anescht wéi Refugiéen aus anere Länner, eng sougenannt “Protection temporaire” an dierfen domadder direkt schaffe goen.

Bal 3.500 fräi Plaze goufen dann am Mee bei der Adem gemellt. Dës Zuel ass stabel bliwwe par rapport zum nämmlechte Mount d’lescht Joer.

Link: Dat ganzt Schreiwes vun der Adem fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO