Lëtzebuerg als VakanzendestinatiounËmmer méi Succès bei de Lëtzebuerger Residenten

RTL Lëtzebuerg
Dëse Summer hu knapp een Drëttel méi Awunner Vakanz am Grand-Duché gemaach, wéi nach viru 5 Joer.
© Domingos Oliveira

Tourismusbilan 2024 presentéiert / Reportage Maxime Gillen

Allgemeng wier d‘Satisfaktioun vun de Visiteure ganz grouss, esou den Tourismusminister Lex Delles e Méindeg bei der Presentatioun vum Bilan vun der Saison 2024. Dat féiert de Minister ënnert anerem op eng Rei Initiativen, wéi de Vëlosummer oder d‘Campagne “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz”, zeréck.

Fir de Minister ass et wichteg, dass weider an den Tourismussecteur investéiert gëtt. Zu den aktuellen Investitiounen zielen ënnert anerem d‘Renovatioun vun der Schwämm zu Veianen, de Marquage vum Guttland-Trail zu Lëntgen oder d‘Modernisatioun vum Beetebuerger Park (Parc Merveilleux). Eenzege klenge b-Moll ass, dem Minister no, datt de Camping dëst Joer e bëssen ënnert dem schlechte Wieder gelidden huet.

App “VisitLuxembourg”

Fir den Tourismus zu Lëtzebuerg weider ze promouvéieren, setzt den zoustännege Ministère ëmmer méi op Digitaliséierung. Den Tourist vun haut wier net méi deen, deen déck Broschüre mathëlt, déi doheem um Canape liest, urifft fir ze buchen an da sur place seng Ticketen een nom aneren aus der Enveloppe hëlt, esou nach den Tourismusminister Lex Delles bei der Presentatioun vum Bilan vun der Saison 2024. Den Tourist vun haut géif sech esou vill wéi méiglech digital informéieren an online buchen. Dofir huet de Ministère vill Efforte gemaach, fir déi ganz touristesch Infrastrukturen duerch eng gemeinsam Datebank ze verbannen. Doduerch fënnt de Client déi aktuellsten Informatiounen ënner anerem online oder an der App VisitLuxembourg erëm. Dës App soll den Touristen d‘Liewe méi einfach maachen, esou de Minister.

Wat ass den Interêt vun der App, wa mir vun Overtourism schwätzen?

Wat ganz interessant ass un der App: Wa mir am Fall sinn, datt Infrastrukturen iwwerlaascht sinn, kënne mir déi touristesch Infrastruktur no hanne setzen an eng aner no vir setzen. Wa mir gesinn, datt d‘Veianer Schlass komplett iwwerlaf ass een Dag, ma da kënne mir d‘Beeforter Schlass zum Beispill no vir setzen oder mir kënnen en anert Schlass no vir setzen, fir Touristen ze guidéieren, wat si kënne kucken goen. Wat ganz interessant ass, fir d‘Qualitéit vum Openthalt vum Tourist kënnen ze garantéieren.“

Dës App ass antëscht scho méi wéi 86.000 Mol erofgeluede ginn.

PDF: Presentatioun vum Ministère

Back to Top
CIM LOGO