Ännerungen am NaturschutzgesetzËmweltminister: "Den Androck, mer wéilten alles platt maachen, ass falsch"

Diana Hoffmann
Den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) huet e Mëttwoch de Mëtten en neie Gesetzesprojet presentéiert.
Ëmweltminister: "Den Androck, mer wéilten alles platt maachen, ass falsch"
Den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) huet e Mëttwoch de Mëtten en neie Gesetzesprojet presentéiert.

D’Ännerungen am Naturschutzgesetz sollen d’Liewe mat der Natur am urbane Raum stäerken. Eng vun den Neierungen, déi den Ëmweltminister Serge Wilmes presentéiert huet, ass de sougenannte stättesche Bam-Prabbeli (Couvert boisé urbain). Hei wëllt een d’Gemengen duerch divers Vereinfachungen dozou beweegen, méi Gréngs an de Bauperimeter ze kréien. Ronn 40 Prozent vun de Gemenge géing d’Zil vun 20 Prozent Couvert boisé urbain awer schonn erfëllen.

D’Definitioun fir e Bam ass an deem Fall, dass d’Planz muss op d’mannst 1,5 Meter héich, 1,5 Meter breet a Schiet vun enger Fläch vun 1,5 mol 1,5 Meter maachen. Wann d’Gemeng d’Zil vun 20 Prozent erfëllt, musse keng Ausgläichsmesure méi ëmgesat ginn, wann ee wëllt op sengem Terrain bauen. Dës Ausgläichsmesuren concernéieren europäesch geschützten Aarten, déi an de Biotope liewen.

“Haut ass et nach ëmmer esou, dass dir iech musst selwer dorëm këmmeren. Et ass net de Staat, deen déi Terraine keeft. Dir musst en Terrain fannen, wou der kënnt déi Ausgläichsmesuren drop realiséieren, dass déi Aarte kënnen dohinner goen. An dat ass opwänneg, do muss der mol Terrain fannen, fir rëm kënnen déi Biotopen hierzestellen. An hei géinge mer einfach soen, mir iwwerhuelen dat als Kollektivitéit, andeems mer dofir suergen, dass iwwerall an de Gemenge genuch Beem do sinn, an déi e Reseau forméieren, fir ze assuréieren, dass déi Aarten do kënne weider iwwerliewen”, huet de Serge Wilmes erkläert.

E weidere Punkt, deen en Néierschlag an den Ännerunge fënnt, ass dee vun der Natur op Zäit. Bauterraine sollen net méi musse reegelméisseg geméint ginn, mee bis zu 15 Joer kënne brooch léie gelooss ginn, sou dass sech kënne Biotoper entwéckelen. Wann ee wëllt Bauen, kann een d’Natur ewech maachen, ouni mussen e Bilan écologique ze maachen, Öekopunkten ze bezuelen oder an engem Flächepool Land ze kompenséieren.

“Mee d’Géigepartie ass awer och, dass mer wäerten dowéinst an dem Aménagement communal Gesetz en neien Artikel aféieren, dee virgesäit, dass bei all PAP “nouveau Quartier”, dee méi grouss ass wéi 20 Ar, dass do 10 Prozent musse Gréngflächen dra kommen. Dat ass eng Obligatioun, déi besteet bis haut net”, sou den Ëmweltminister.

Aus Angscht se kompenséieren ze mussen, géingen d’Leit elo d’Natur dacks ewech maachen. Lo kéinten se dës 15 Joer stoe loossen, an et dann ewech maachen. Et wier e Biotop op Zäit.

Bei Terrain, méi kleng wéi 10 Ar soll de Bilan écologique da kënne vun der Administration de la nature et des forêts, kuerz ANF, gemaach ginn. Dëse misst dann och net méi vun engem Privatmann gemaach a bezuelt ginn, mee de Staat géing dat fir si bezuelen. Doriwwer eraus misst kee Bilan écologique méi gemaach ginn, wann ee wéilt e Bam, dee krank ass, op enger ëffentlecher Plaz ewech maachen. Dëse misst just op enger anerer Plaz remplacéiert ginn, an et misst en Autorisatioun gefrot ginn.

Et géing net just dorëms goen, eng Acceleratioun vum Logement ze kréien, huet de Serge Wilmes dann nach ënnerstrach. Mee ëm d’Stäerke vun der Natur an de Gemengen. “Den Androck ze maachen, wéi wa mer elo hei wéilten alles platt maachen an der Natur, deen ass grondsätzlech falsch”, betount de Minister.

De Projet de loi fir d’Ännerunge vum Naturschutzgesetz gouf e Mëttwoch am Virmëtteg an enger ëffentlecher Chamberkommissioun den Deputéierte presentéiert.

PDF: Änderungen des Naturschutzgesetzes

Back to Top
CIM LOGO