De Kueb an de WäschbierËmweltminister Serge Wilmes äntwert op parlamentaresch Froen zu Déiereploen

Jean-Marc Sturm
Et kléngt wéi e Remake vun engem berüümte Michel-Lentz-Gedicht, ass awer Thema vun zwou parlamentaresche Froe vu Gréngen a Piraten un den Ëmweltminister.
© Envato Symbolbild

De Kueb an de Wäschbier / Reportage: Jean-Marc Sturm

“Et wor emol e Kueb, dee souz zefridden a frou, e Kéis a sengem Schniewel...” esou fänkt d’Original-Gedicht vum Michel Lentz un. Am Alldag sinn e sëllege Leit net därmoossen zefridde mam “Här Komper Kueb”, wéi de Michel Lentz e genannt huet, well dee Vugel säin natierlecht Ëmfeld a Richtung Uertschafte verlooss huet, mam Resultat dat mer kennen: moies fréi beim Sonnenopgank Gejäiz an Daagsiwwer op den Autoen, am Passage, um Schoulhaff, der Spillplaz oder am Park etc. d’Endresultat vum Kueb senger Verdauung.

Un d’Gemenge war virun zwee Joer den Appell gaangen, ee Gestiounsplang opzestellen, fir d’Konflikt-Potential tëscht de Leit an de Kuebe kleng ze halen. Ganz wéineg Gemengen hu mat Experten effektiv esou e Gestiounsplang ausgeschafft, fir d’Kuebe mat Vulleschäichen oder soss Mesurë wéi d’Zeréckschneide vu Beem geziilt ze verjoen. Wéi eng Gemengen, präziséiert de Minister net. Wéi ee Resultat dat Ganzt bis ewell bruecht huet, ass och nach net kloer.

D’Gemenge Stad Lëtzebuerg, Diddeleng a Beetebuerg hunn e bësse méi e radikale Wee gefrot an accordéiert kritt, fir d’Näschter vun de Kueben souzesoen op aner Plazen ze plënneren. Hei muss een awer eng Klamer opmaachen: well et konnt ee scho virun annerhallwem Joer op emwelt.lu liesen, dass een zënter Jore weess, dass esou ee Plënnere vu Kuebennäschter näischt bréngt an esouguer de Géigendeel bewierkt. Déi Erfarung hat ee schonn 2013 zu Märel um ale Site vun der Luxlait gemaach.

Eriwwer da bei de Wäschbier:

Dee gëtt et zënter ronn 45 Joer hei am Land an en huet sech zënterhier queesch duerch d’Land a Richtung Süden ëmmer méi breet gemaach. Zënter 2011 dierfen d’Wäschbiere geschoss ginn. An de leschten 10 Joer ass do d’Zuel vu 600 op knapp 1.400 geschossen Déieren an d’Luucht gaangen.

Fir den negativen Impakt vun den net-heemeschen an invasive Wäschbiere Meeschter ze ginn, wäert dat op Basis vun europäesche Reegelen och weider gemaach ginn. D’Method, d’Déieren anzefänken an ze steriliséieren, gouf nach net applizéiert.

Back to Top
CIM LOGO