Accident BechEn Auto an eng Aarbechtsmaschinn krute sech ze paken
En Dënschdeg de Moie kuerz no 9 Auer sinn zu Bech bei der Kräizung mat der Schneckelsbierg-Strooss en Auto an eng Aarbechtsmaschinn anenee gerannt.
Duerch den Accident war d’Strooss deels blockéiert.
Wéi de CGDIS bestätegt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. D’Ambulanz vu Mäertert war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Konsdref an d’Police.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Géint 9.18 Auer koum et zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto, dat zu Esch. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D’Rettungsservicer vun Esch waren am Asaz.