Alerte jaune vu MeteoluxEn Dënschdeg kann et nees ongemittlech ginn

RTL Lëtzebuerg
Meteolux huet fir en Dënschdeg de ganzen Dag eng "alerte jaune" erausginn. Et wier vu 6 Auer moies u mat deels zolittem Reen ze rechnen.
© AFP

15 bis 30 Liter op de Metercarré kéinten zesummekommen. Plazeweis kënnen et esouguer bis zu 50 Liter sinn, sou wéi mer dat e Freideg schonn haten. Vereenzelt dierft et och zu Donnerwiedere kommen.

Back to Top
CIM LOGO