ZeienopruffEn Donneschdeg koum et an der Stad zu engem Accident mat engem Vëlo

RTL Lëtzebuerg
De 15. August géint 6 Auer moies sinn en Auto an e Vëlo op der Héicht vun der Stäreplaz a Richtung Stroossen net laanschtenee komm.

Kuerz virun der Kräizung mat der Rue de Rollingergrund ass e Cyclist éischten Informatiounen no gefall, nodeems en Auto widder den hënneschten Deel vum Vëlo geroden ass. De Cyclist gouf verwonnt.

D’Police mécht an deem Zesummenhang elo en Zeienopruff. Ween eppes gesinn huet, soll sech w.e.g. bei der Police an der Stad mellen, dat um Telefon (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail u Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO