E Sonndeg goufen déi 175 Joer Thermalismus gefeiert. An do gouf nach eng Kéier kloer, datt d’Geschicht vu Munneref net vum Thermalbad ze trennen ass.
Wann ee vu Munneref ass, kennt een d’Maus Ketty… an d’Charlotte Strasser. A si, déi Visite-guidéeën am Thermalbad mécht, kennt Munneref an alles dat, wat mam Bad a senger Geschicht ze dinn huet. An déi Geschicht ass eng dichteg. An eng, déi elo an hirem 3. Joerhonnert ass.
1886 koum d’Bad a staatlech Hänn an de Boom, d’Belle Epoque an déi schéin Zäit, d’Biller zielen hir eege Geschicht... dono gouf déi éischt Piscine gebaut – aus Holz, natierlech Nimm wéi Monnet, Ravel a Rubinstein sinn hei keng onbekannt - déi zwee lescht koumen hei an d’Kuer.
D’Thermalbad hat an huet alles, och wann de Site sech iwwer d’Joerzéngte ferm verännert huet, a verschidde Bijouen iwwer 175 Joer verschwonne sinn. De Chef ass happy.
Um Gebuertsdag huet wuel kaum ee vun deene sëllegen Invitéeë Munnerëffer Waasser gedronk. Déi koume feieren, an dann ass dach awer eng Schlippche Luxus erlaabt.