Am Oktober hat de Finanzminister Pierre Gramegna d'Zuele presentéiert. Elo huet déi zoustänneg Chamberkommissioun de Budgetsrapport fir 2020 an déi Joren dono nogereecht. En Dënschdeg de Mëtteg war d'Presentatioun am Chamberplenum. Als Rappell: Eng éischte Kéier leien d'Depensen ewéi och d'Recettë dat anert Joer bei iwwer 20 Milliarden. Beim Zentralstaat gëtt et en Defizit vu 640 Milliounen Euro.
De Rapporter Yves Cruchten vun der LSAP beschreift ënner anerem en equilibréierte Budget, dee sech mat der néideger Virsiicht op e schwieregt internationaalt Ëmfeld astellt. No 15 Sëtzungen huet d'Finanz- a Budgetskommissioun en Dënschdeg de Mëtteg hir Budgetsanalys um Krautmaart virgestallt.
"De Budget setzt sozial an ekologesch Akzenter" (Yves Cruchten)
Et géif vill investéiert ginn, dat wier gutt esou an déi finanziell Situatioun géing dat erlaben. Ma woura gëtt investéiert? Do stéing zum Beispill de gratis ëffentlechen Transport eraus. Dës Mesure hätt en ekologeschen, verkéierspoliteschen a sozialen Impakt.
Trotzdeem géing och weider Geld an de Stroossereseau fléissen, deen dacks virum Kollaps stéing. Aner wichteg Poste wieren zum Beispill d'Educatioun, den Emploi, d'Digitaliséierung oder nach d'Biolandwirtschaft. Datt net méi vum Klimawandel a vun der Steierreform ze fanne wier, léich dorun, datt d'Moossname bei der Redaktioun vun den Texter nach net bekannt ware respektiv net konnte chiffréiert ginn, sou den LSAP-Deputéierte Cruchten.
E gewësse Bedauere gouf et och, datt beim Logement nach eng Rei Elementer net am Text ze fanne sinn, well vill rezent Initiativen de Budgetsprojet leider nach net erëmspigele géifen.
D'Logementsproblematik géing een och kloer gesinn, wann net déi wirtschaftlech Performance- mä d'Wuelbefanne vun de Leit gemooss gëtt. De generelle Constat wier do op alle Fall deen, datt d'Ongläichheeten am Grand-Duché zouhuelen: "Mir thematiséieren net vill, datt eis Revenue méi ongläich verdeelt si wéi an der EU-Moyenne." huet den LSAP-Politiker ënnerstrach. Generell recommandéiert déi zoustänneg Chamberkommissioun, datt d'Delaie misste verkierzt ginn an d'Evaluatioun vu Moossname misst besser ginn.
E groussen Deel vun der Ried vum Yves Cruchten war dem sougenannte PIBien-être dediéiert. Lëtzebuerg stéing an international onsécheren Zäiten am Verglach awer gutt do, ma et géing eppes méi lues dréinen. Hei léich e realistesche Projet um Dësch, mat deem d'Trajectoire – op e puer Joer gekuckt - op alle Fall géing stëmmen, sou nach den Yves Cruchten.
En hätt zwar laang geschwat, ma de Rapporter Yves Cruchten wier kaum op konkret Moossnamen agaangen, esou d'Kritik vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. Dat léich awer an der Haaptsaach dorun, datt och kaum konkret Moossnamen am Budget drastéingen.
Änlech Téin ginn et vun der CSV. Hei hätt ee sech erwaart, datt déi annoncéiert Prioritéite sech och a konkrete Mesuren am Budget géifen erëmfannen. Ma zum Beispill beim Logement géif d'Hausse vum Budget ëm 1,8 Prozent d'Ambitioune vun der Regierung net erëmspigelen. D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen:
„De Rapporter huet och gesot, et si jo Prioritéite genannt ginn, déi een net am Budget erëmfënnt. An dat ass mengen ech eng gutt Zesummefaassung, well den Här Gramegna an och den Här Bettel hu vu Prioritéite Logement, Klimaschutz asw. geschwat. A wéi gesot: et ass absolut näischt chiffréiert. Dat heescht, et ass e Budget mat eidelen Zuelen ouni Prioritéiten."
Allgemeng wieren d'Zuelen am Budget, dem Sven Clement no, och ze vill optimistesch. Grad wat d'Verscholdung ugeet, misst een déi a Relatioun mam Wuelstand vun de Leit gesinn an net nëmme par Rapport zum PIB.
Bei déi Lénk huet een zwar begréisst, datt de Rapporter op déi sozial Problematik agaangen ass. Ma de Problem dobäi wier, datt dat an den Ae vum Deputéierten David Wagner, absolut näischt mat der Budgetspolitik vun der Regierung ze dinn hätt:
„Wann d'Budgetspolitik vum Här Gramegna vun der DP iergendeppes ze dinn hätt mam Rapport vum Här Cruchten, da wiere mer vläicht an enger anerer Situatioun - dat heescht, da géif investéiert ginn a sozial Moossnamen. Da géif investéiert ginn haaptsächlech och am Logement, well do geschitt net vill. Da géif och iergendeppes gemaach ginn, fir de Klima, well do hu mer och mat enger "Mogelpackung" ze dinn, op déi ech e Mëttwoch och wäert agoen."
De Rapport wier rosa-rout ugehaucht, ma de Budget wier liberal-blo, esou nach d'Kritik vun déi Lénk.
E Mëttwoch de Moie gëtt de Budget an der Chamber diskutéiert.D'Regierung wier an enger Phas, an där se sech net kloer wier, wou se histeiert, esou de Gast Gibéryen. Dat géif een zum Beispill gesi bei den Accisen op Bensin an Diesel, wou een eréischt virun e puer Deeg gewuer gouf, wat d'Regierung wëlles hätt. Den ADR-Deputéierten:
„Ech hunn an der Finanzkommissioun de Finanzminister gefrot, ob dat do dann elo alles an deem Kader vun der CO2-Steier a vun den Accise fir dës Legislaturperiod wier, do huet e mir geäntwert: Ech kann dir dorop net äntweren. Dat heescht et gesäit een, datt d'Koalitioun op wesentleche Punkten zerstridden a sech net eens ass. An dat ass eben d'Resultat, datt mer dann e flaache Budget an e flaache Rapport kréien."
An deem Kontext kritiséiert den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, datt dës an aner Zuelen am Budget géife feelen:
„Mir mussen eis dat virstellen: Mir stëmmen elo am Dezember e Budget, wou mer scho wëssen, datt et zu enger Hausse vun Accise wäert kommen, déi sécherlech en Impakt am éischten Trimester op de Budget wäert hunn, ouni datt mer deen haut chiffréiere kënnen. Dat heescht et gëtt vun der Chamber verlaangt eppes ze stëmmen, wou mer haut wëssen, datt d'Suppositiounen, déi do drastinn, scho guer net méi stëmmen."