Fleege- a SozialsecteurEn neie Kollektivvertrag fir den SAS-Secteur
RTL Lëtzebuerg
Am Fleege- a Sozialsecteur, dem SAS Secteur, si sech Patronen (dorënner Copas a Fedas) a Gewerkschaften (OGBL an LCGB) iwwert en neie Vertrag eens ginn.
Et kënnt doduerch zu enger Rei Verbesserunge fir d‘Salariéen. Dorënner eng eemoleg Primm. Mam neien Accord geet de Budget ëm 2,4 Prozent an d‘Luucht, esou dass d‘Regierung dat Ganzt nach muss ofseenen. Den Accord gëllt bis 2027.