D'Drauwelies ass lancéiertEn Tour duerch d'Wéngerten op der Musel

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Wënzer ass de September ee vun de wichtegste Méint am Joer. Et ass dee Mount wou d'Drauwe gelies ginn.
© Emile Mentz

Déi eng Wënzer si schonn amgaangen, anerer sinn an de Startlächer an drop an drun unzefänken.

Wéini et lass geet, decidéiert all Betrib selwer unhand vun der Qualitéit vun den Drauwen an de Wiederkonditiounen. D’Dany Rasqué huet en Tour duerch d’Wéngerte gemaach.

D’Drauwelies ass lancéiert / Reportage Dany Rasqué

Dobäi hunn ech d’Wënzerin Isabelle Gales begéint. Bei hir am Betrib geet et e Méindeg de Moie lass mat der Lies. Si ass zefridden iwwer d’Drauwen, déi un de Riefstäck hänken. Si géifen e fantastesche Joergank verspriechen, och wann d’Joer, wéi sou dacks, seng Tücke gehat hätt.

“Mir haten am Ufank de Frascht. Dertëschent goufen et och emol e puer Problemer, well mer en immens verreente Joer haten, mä dat wat elo do hänkt, dat ass immens schéin.”

Fir datt doraus och e gudde Joergank gëtt, mussen d’Drauwen an deenen nächste 4 Woche fort an zwar an enger gewësse Reiefolleg.

“Mir ginn als éischt déi fir de Cremant liesen, well dat Drauwe sinn, déi eng gewësse Saier brauchen. E Cremant ass eppes wat eng gewësse Frëschheet brauch an do spillt déi Saier natierlech eng grouss Roll.”

Ënnerstëtzt gëtt de Betrib vun der Isabelle Gales an hirem Brudder zënter enger Rei Jore vun enger Ekipp vu 25 Leit.

“Dat si Leit, déi komme vun iwwerall hier. Dat heescht dir hutt der e puer aus der Groussregioun, dir hutt och aner Leit, déi vun e bësse méi wäit kommen. Mir hunn do Chance, well mer awer e grousse Grupp vu Leit hunn, déi reegelméisseg all Joers bei eis kommen an eis trei bleiwen. Dat ass och fir eis e groussen Avantage.”

Dës Leit brauchen net méi laang ugeléiert ze ginn, mä kënnen zimmlech direkt e Méindeg de Moie lassleeën.

Back to Top
CIM LOGO