Et si lauter prestigiéis Gebailechkeeten, déi d’urbanistescht Bild vu Lëtzebuerg am leschte Joerhonnert markéiert hunn.
Eent vun de Wierker vum gebiertegen Escher kéint en zweet Liewe kréien: De Bâtiment Schuman um Kierchbierg nieft der Philharmonie - mee d’implizéiert Ministèrë schénge sech net eens, wat mam fréieren EU-Parlaments-Palais soll geschéien - op d’mannst wier et ze fréi, fir Decisiounen ze huelen.
2017 war u sech d’Zukunft vum groe Gebai mat sengem vernoléissegten Aspekt an der verwäschener Fassad besigelt: Ofrappen an op der Place de l’Europe Plaz fir Neits schafen - sou gouf et deemools an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.
Zanterhier schleeft de ganzen Dossier an d’implizéiert Ministèrë schénge sech net eens, wat mam eidele Gebai senge 36.000 Meter Carré a senger Geschicht ze geschéien huet.
Projeten, déi zirkuléieren, mee net confirméiert ginn, well et keng politesch Decisioune ginn, sinn den Hebergement vun Demandeurs d’Asile, d’Schafe vun Wunnraum respektiv eng Mixitéit tëscht Logementer, Büroen a Butteker ze schafen oder och Proufsäll fir d’Philharmonie oder Stocke fir de Mudam z’amenagéieren.
De Finanzministère kann op eis Nofro just preziséieren, datt Etuden amgaange sinn, mee datt dës ënnert dem Lead vum Ministère vun den ëffentleche Baute geschitt.
Aus dem Ministère vun der Yuriko Backes gëtt iwwerdeem, wat d’Affektioun vum Gebai ugeet, nieft dem Finanz- och op de Familljeministère verwisen - also wier d’Pist vum Ënnerbrénge vu Leit, déi eng Asyl-Demande gestallt hunn, probabel.

Aus dem Ministère vum Max Hahn dann heescht et, datt “de Familljeministère an den ONA permanent op der Sich no neie Gebaier an Terrain sinn, fir dem ONA senger Missioun vum Accueil beschtméiglech kënnen nozekommen”. An deem Kader géife reegelméisseg nei Pisten exploréiert ginn, fir mat neien, respektiv bestoende Strukturen, Sitten, déi dem ONA nëmmen zäitlech limitéiert zur Verfügung gestallt goufen, z’ersetzen.
Vu dass allerdéngs déi jeeweileg Projete gäre substantiell en Cours de route evoluéieren, kommunizéieren de Familljeministère an den ONA prinzipiell eréischt zu engem Projet, wann dësen och wierklech definitiv ass.
An definitiv ass bei der Affektatioun vum Schuman-Gebai mat sengem prestigiéisen Hemicycle näischt, an awer géif sech de Sitte fir d’opgezielt Besoine vum ONA eegnen.
51 Joer huet d’Schuman-Gebai mat senge 6 Stäck um Bockel a kee schéngt sech nach wierklech fir dës gro Bëtongs-Schongkëscht z’interesséieren, déi natierlech nieft Mudam a Philharmonie quasi kee Schäin huet an och net protegéiert ass.

D’Etuden an d’politesch Decisioune sinn awer ëm sou méi brisant, wann ee weess, wéi eng Valeur d’Gebailechkeeten an der Geschicht vun der EU haten, well hei am Hemicycle tëscht 1973 an 79 d’Parlament 35 Mol beieneekomm, éier d’Plenière ze kleng gouf an nëmmen nach d’Bureaue vu Fonctionnaire genotzt goufen - dat waren der 1.200 an 800 nach um Enn, bis d’Luuchten 2022 definitiv ausgoungen.
Vum 1. Januar zejoert un ass de Lëtzebuerger Staat als Proprietär nees komplett “en charge” vum Schuman a sengem Intérieur aus de 70er Joren - an huet vläicht och e konkrete Plang - mee well deen nach net ënnert d’Leit bréngen.
1949 gouf de Robert Schuman vum Emile Hamilius zum Éierebierger vun der Stad genannt - vläicht dréint geschwënn nëmmen nach e grousse Spidolsgrupp den Numm vun engem vun den europäesche Grënnungspäpp, wann d’Baggere bis géifen hannert der Rouder Bréck rullen.
Am Top Secret maache mir eng Zäitrees a ginn zréck an d'70er Joren. Do gouf eent vun den historeschste Gebaier um Kierchbierg gebaut an et steet nach haut. Am Bâtiment Robert Schuman gouf Europageschicht geschriwwen. Et war dat éischt Gebai vun der Europäescher Unioun, wou Parlamentssëtzungen ofgehale goufen. Ganzer 120 Plazen hat de Plenarsall an dee war séier ze kleng. Sechs Joer no senger Ouverture huet ee missen en neie Sall fannen, fir d’Membere vum europäesche Parlament. Ma deen alen, deen éischten Hemicycle, gouf awer net zougemaach, mä einfach fir aner Zwecker genotzt.