
Am Regierungsrot war e Mëttwoch déi energeetesch Transitioun den Haaptsujet. Esou hu sech d’Ministere mat weidere punktuelle Mesuren auserneegesat, déi d’Energiekäschte fir d’Stéit sollen drécken.
Och iwwert d’Subventiounen, déi ënnert de Labele vum Klimabonus “Wunnen a Mobilitéit” lafen, gouf sech ausgetosch, ouni awer, datt de Communiqué vun der Regierung Detailer nennt. Den nächste Mount sollen d’Diskussioune weidergoen.
Eng Nouveautéit soll et iwwerdeem fir de Spidols- a Fleegesecteur ginn, andeems eng national Akafs- a Logistikzentral geschaaft gëtt. Doduerch sollen d’Medikamenter a Material fir dee Secteur gënschteg a regroupéiert kaf ginn.
Mat dëser Akafszentral sollen och d’Stocken an de Spideeler a Fleegeheemer liberéiert ginn, grad wéi datt och Personal vun dësen Aufgabe vum Stockéiere kann entbonne ginn.
An dëser Zentral soll awer och de strategesch-nationale Stock vun Vaccinen, Medikamenter an Antidoten gelagert ginn, déi am Fall vun punktuelle Krise gebraucht ginn. Dëst betrëfft och Medikamenter speziell fir Kanner.