KonsumenteschutzEnergiepräisdeckel muss weider Bestand hunn

RTL Lëtzebuerg
E Rekord-Boni vun 171 Millioune fir Encevo, dovunner 72 Milliounen an d'Täsch vun den Aktionären. Dat verflicht.
© RTL Archiv

Sou seet et de Konsumenteschutz, dee fuerdert, datt de Präisdeckel och d’nächst Joer soll bestoe bleiwen. All aner Politik vun der Regierung wier géint d’Suergen an d’deeglech Besoinen vun de Leit geriicht, sou d’ULC.

De Konsumenteschutz kritiséiert dofir d’Attitüd vun der Regierung a seet, datt d’héich Energiekäschten en Inflatiounsdreiwer sinn.

Nieft dem Bäibehale vum Energiepräisdeckel freet d’ULC och, datt Stéit mat niddregem Akommes zousätzlech staatlech Bäihëllefe kréien, fir d’Energiepräisser ze stemmen.

“Den Deckel muss drop bleiwen”. Dat verlaangen “Déi Lénk” an engem Communiqué. Rieds geet natierlech vum staatleche Plaffong bei den Energiepräisser. Fält deen ewech, kéint et zu massive Präishausse bei Stroum a Gas kommen.

Déi Lénk wëllen en neien Energiepräisdeckel, mat enger Stafflung. Grondbesoine solle gratis sinn an exzessive Konsum soll deier sinn. Déi Lénk géifen d’Energieinfrastruktur besser an ëffentlecher Hand gesinn. Encevo hätt vun der Energiekris profitéiert a selwer keen Effort gemaach.

Back to Top
CIM LOGO