
Bis haut ass d’Schueberfouer mat senge sëllegen Attraktiounen, Spiller, Iess- a Gedrénksstänn déi gréisst Foire zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun an zitt all Joer Millioune vu Visiteuren un.
De Chris Meisch war mam Historiker Steve Kayser op de Glacis an huet ee Réckbléck op déi 684 al Traditioun gemaach.
Gegrënnt vum Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, war d Schueberfouer deemools nach um Helleg-Geescht-Plateau, deen awer séier iwwer d‘Plaz eraus gewuess an dunn op de Lampertsbierg geplënnert ass. No der Urbaniséierung vum Lampertsbierg gouf de Maart op de Glacis verluecht, wou en haut nach all Joer organiséiert gëtt.
„Geschicht vun der Fouer geet un als Joermaart am Mëttelalter. Ee vun den Haaptprodukter, deen deemools verkaf ginn ass zu Lëtzebuerg op der Fouer, dat war d‘Lëtzebuerger Wou, erkläert och villäicht den Hämmelsmarsch. Vun deem mëttelalterleche Joermaart geet d‘Geschicht da vun der Fouer bis an d'17. Joerhonnert, wou ee mierkt, dass et lues awer zu engem Ëmbroch kennt. Am 18 Joerhonnert ass deen Ëmbroch vill méi kloer ze erkennen, dat heescht d‘Handelsfunktioun vun deem Evenement geet erof an amplaz vum Handel trëtt dann den Amusement an de Vierdergrond. 18./19. Joerhonnert konkretiséiert a bestätegt sech dat, dat heescht d‘Maartfunktioun fält wech an den Amusement trëtt ganz no vir.“
Vun der Ausstellung vu wëllen Déieren a Mënsche bis zur gréissten transportabeler Achterbunn war et ee laange Wee. Am Mëttelpunkt stoung ëmmer den Amusement vun de Leit, dee sech mat de Jore staark entwéckelt huet. D‘Entwécklung vun der Schueberfouer hänkt enk zesumme mat der Entwécklung vun der Gesellschaft.
„Doduercher och ganz kloer vu méi Amusement a Form vun Artisten oder ganz einfach exotesch Déieren, wëll Déieren, da gëtt den Usproch och ëmmer méi héich, da wëlle mir méi gesinn, aner Saache gesinn, Curiositéit, de Virwëtz vun de Leit geet an d‘Luucht.“
D‘Schueberfouer war schonn ëmmer en Evenement fir flott an nei Attraktiounen. Virop Villfalt wier eng wichteg Eegenschaft. Fir de Steve Kayser ass d‘Schueberfouer ee multikulturelle Melting Pot. Dofir zoustänneg sinn d‘Forainen, ouni déi et keng Schueberfouer gëtt.
„Am Ufank ass ee Maart an déi Leit kommen einfach dobäi, well se gesinn, do si vill Leit, do kann ech mir villäicht eppes verdéngen an ech kann do eppes dozou bäidroen, dass dat ee flotte Moment gëtt. Déi kommen dann dobäi, déi amuséieren d‘Leit mat enger Akrobatennummer, mat enger Clownsnummer, mat enger artistescher Nummer, mat engem wëllen Déier ausstellen, natierlech och e bësse Glécksspill, dat war ni esou ganz gär gesinn, dat ass vun Ufank un ëmmer relativ bekämpft ginn. Dat heescht, du hues deen Element Amuseur / Amuseur public. Wéi bis d‘Maartfunktioun ewechgefall ass, wat ass iwwreg bliwwen? Ma d‘Amusement an d‘Amusement hat sech dann incrustéiert, an doraus entsti Forainen.“
Als Historiker wëll de Steve Kayser zwar keng Prognose maachen, wéi et an der Zukunft mat der Schueberfouer weider geet, behält awer zréck, dass d‘Leit zanter enger Partie vu Joren, gären nees eng gewësse Gemittlechkeet an Einfachheet unzitt, wéi bei den historesche Kiermessen. Stéchwuert: Nostalgie & Vintage.