
E Bam war hei op en Tourist gefall, deen op engem Trëppelwee ënnerwee war. Fir de Mann sollt all Hëllef ze spéit kommen.
Iwwerdeem de Bëschwee nach ëmmer wéinst der Enquête um Gebitt vum “Manternacher Fiels” zou ass, schreift d’Naturverwaltung, datt all Lëtzebuerger Bëscher fir d’Leit fräi accessibel sinn. Dobäi misst Jiddereen awer och d’Gefore vun Accidenter, déi am Ökosystem Bësch kënne geschéien, acceptéieren.
No dréchenen Summerméint déi lescht Joren hätten den naasse Summer an Hierscht de Beem zougesat, zemools wat hir Standfestegkeet ugeet, sou d’Verwaltung. Dowéinst wier an a bei Bëscher besonnesch no vill Reeschaueren, Stierm, laanger Dréchent oder Glëtz besonnesch Virsiicht gebueden, sou d’ANF.