Virop déi nei Berechnung vun den Netz-Notzung-Käschte bréngt mat sech, dat et heescht ëmdenken, wéi ee Stroum verbraucht. Fir méi Transparenz suergt déi nei Plattform “Leneda”.
Ass een emol ageschriwwen, kann een do op ee Bléck, all Informatiounen noliesen, wat den Energieverbrauch ubelaangt. Egal bei wat fir engem Fournisseur ee Client ass. Op Elektresch oder Gas a spéider och Hëtzt a Waasser. Eng einfach Manéier, säi Verbrauch ënnert Kontroll ze hunn.
“Op Energieauer.lu gesäit een zu all Moment wéi vill Stroum produzéiert ginn ass um Territoire vu Lëtzebuerg, wéi vill importéiert ginn ass. Mir gesinn, wéi vill Gas produzéiert ginn ass, wéi vill Gas importéiert ginn ass op Lëtzebuerg. An hei ass am Fong e Projet, deen individuell Energieauer bei d’Leit bréngt. Wou ee ganz genau gesäit op 15 Minutten, wéi vill Stroum hunn ech consomméiert, wéi vill Gas hunn ech consomméiert, wéi sinn ech par Rapport zu menger Referenzleeschtung am Moment ënnerwee. Wou sinn ech vläicht driwwer gaangen? Wou sinn ech drënner gaangen? Eben déi Transparenz, déi wichteg ass, déi de Client och brauch”, sou de Minister fir Wirtschaft an Energie, Lex Delles.
De Client kann dann deemno iwwerwaachen ob een, wann een zum Beispill säin Elektroauto luet, déi a sengem Kontrakt fixéiert Referenz-Leeschtung, net iwwerschratt huet. Wat iwwer d’Netznotzung-Käschten, d’Rechnung um Enn vum Mount belaascht. Den Ament ass d’Plattform ''Leneda’’ op den Internet beschränkt. Spéider soll et och eng Mobil-Applikatioun ginn.