24 Persoune kontrolléiertEng Festnam bei grousser Drogekontroll am Garer Quartier

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg huet d'Police am Garer Quartier eng Kontroll duerchgefouert.
© Police

De Fokus louch op der Drogekriminalitéit an der illegaler Immigratioun. 30 Policebeamten an zwee Drogesichhënn waren un der Kontroll bedeelegt, bei där 24 Persoune kontrolléiert goufen.

Bei enger Persoun goufe ronn siwe Gramm Kokain fonnt. Well de Verdacht bestoung, dass et sech beim Mann ëm en Drogendealer handelt, gouf hien op Uerder vum Parquet am Spidol mat engem Scanner ënnersicht. Dobäi goufe siwe Friemkierper fonnt. De Mann gouf festgeholl a koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Bei zwou weidere Persoune goufe ronn 21 respektiv 17 Gramm Haschisch fonnt. Eng drëtt hat zwee Gramm Kokain bei sech. An deenen dräi Fäll gouf Protokoll wéinst dem Verstouss géint d’Drogegesetz erstallt.

Back to Top
CIM LOGO