
Um Wandhaff war, wéi och schonn de CGDIS beschriwwen huet, géint 17 Auer an der Areler Strooss eng Foussgängerin bei engem Accident uerg blesséiert ginn. Wéi d’Police schreift, gouf en Auto, dee beim Zebrasträife stoe bliwwen ass, widder d’Fra geschleidert, wéi en anere Won an dëse gerannt ass.
D’Foussgängerin gouf schwéier verletzt nach op der Plaz behandelt a koum dono an d’Spidol.
Kuerz virun 19 Auer waren um CR169 zu Steebrécken e Scooterfuerer an en Auto anenee gerannt. De Chauffer vum Scooter gouf dobäi uerg verwonnt. Och hie koum no enger medezinescher Behandlung op der Plaz an d’Klinik.