
Si ass 1938 zu Esch-Uelzecht op d’Welt komm.
Déi lescht Joren huet d’Professesch fir Sproochen a Konscht sech virun allem mat der Verschleierung vun de Fraen am Islam auserneegesat. Déi engagéiert Feministin a Publizistin huet Bicher geschriwwen, déi Traditiounen ausernee geholl hunn a mam Fanger op d’Problemer vun der Fra an der Lëtzebuerger Gesellschaft gewisen.
“Für die Frauen”, “Für die Katz” oder och “Géint d’Pafen” heeschen hir Wierker, grad wéi “Mascarons de Luxembourg”, an deem d’Duechter vun engem Entrepreneur sech d’Fassade vun de Bauten am Land ukuckt an hir historesch a mythologesch Hannergrënn erkläert.
D’Nelly Moia zielt och zu de “Pionéierfraen am Lëtzebuerger Journalismus”, déi 2017 an enger Ausstellung mat deem Titel am Literaturzenter zu Miersch an an der Stater Cité Bibliothèque, presentéiert goufen.
D’Nelly Moia ass de leschte Weekend am Alter vu 87 Joer zu Esch gestuerwen.