Michel Reckinger (UEL)"Eng Mindestlounerhéijung ass aktuell net ze droen"

Céline Eischen
Den Aarbechtsminister Marc Spautz gesäit um Dënschdeg d'Sozialpartner, fir iwwer de Mindestloun ze diskutéieren.
© Pierre-Marie Koch (Archiv)

Um Dënschdeg de Moien um 8 Auer war et fir d’éischt um Patronat. De President vun der UEL Michel Reckinger huet um RTL-Mikro ënnerstrach, datt eng Mindestlounerhéijung aktuell net ze droe wier. D’Secteure wéi d’Handwierk, d’Horesca oder och de Commerce hätten elo scho grouss Schwieregkeeten. Eng Mindestlounerhéijung wier hei net opportun. D’Gespréicher, déi gutt eng Stonn gedauert hunn, waren dem Michel Reckinger no konstruktiv.

En Dënschdeg am Nomëtten hunn d’Gewerkschaften da Rendez-vous mat de Regierungsvertrieder.

Back to Top
CIM LOGO