Op der Stater GareEng net geluede Schreckschosspistoul ass e Méindeg de Moie saiséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Passanten haten kuerz viru 6 Auer der Police gemellt, datt eng Persoun aus engem Zuch erausgeklomme wier, déi wuel eng Waff bei sech hätt.

Wéi d’Police schreift, wier d’Waff beschlagnaamt an de Mann protokolléiert ginn.

6 Fürerschäiner agezunn

D’Police schreift dann och nach um Méindeg an der Mëttesstonn, dass bannent “de leschte Stonnen”, 6 Fürerschäiner hu mussen agezu ginn, well Automobilisten ze vill gedronk haten. Dat wier de Fall gewiescht zu Schieren, Bäerdref, Ueschdref, Ettelbréck, Péiteng an an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO