Jobdag HandicapEng Opportunitéit fir Leit mat enger Beanträchtegung

Monica Camposeo
Eng Aarbecht sichen, wann een en Handicap huet, dat kann eng Erausfuerderung ginn.
Jobdag Handicap
D’Adem huet en Dënschdeg fir d’zweete Kéier den Jobdag Handicap organiséiert.

Zum Deel ginn et Lacunnen am Gesetz, zum Beispill bei der Ausbildung. Oder d’Patrone sinn net esou oppen, fir eng Persoun mat Handicap anzestellen, esou d’Erfarunge vu betraffene Leit. Dowéinst huet d’Adem en Dënschdeg fir d’zweete Kéier den Jobdag Handicap organiséiert.

Den Ënnerscheed zu aneren Aarbechtentretiene wier, dass ee sech hei méi wuel géing fillen, soen d’Leit um Jobdag. Déi ronn 30 Patronen, déi dorun deelhuelen, si schonn oppe fir d’Thematik. “Dowéinst hunn ech och manner Angscht, op d’Leit lasszegoen a mat hinnen doriwwer ze schwätzen”, seet eng Fra. Soss hätt si schonn dacks negativ Erfarunge bei der Aarbechtssich gemaach.

Dass et net ëmmer einfach ass, dat kritt och de Joël Delvaux, Zentralsekretär vum OGBL, bei senger Aarbecht als Gewerkschaftler mat. Et fänkt scho bei der Léier un. Léiermeedercher a -bouwe kënnen nämlech net vum Statut als Salarié handicapé profitéieren. Dat bedeit, dass weder si nach de Patron finanziell Hëllefe ka kréien, zum Beispill wann Amenagementer musse gemaach ginn. Déi eenzeg Méiglechkeet wier dann, e Patron ze fannen, dee bereet ass d’Käschte selwer ze droen. Fir déi betraffe Leit, déi eng Léier maache wëllen, wier dat eng zousätzlech Hürd, respektiv bal eng Saach vun der Onméiglechkeet.

Aarbechtsminister wëll Gesetz iwwer de Statut vum Salarié handicapé upassen

An deem Sënn fuerdert den zoustännegen Departement vum OGBL scho méi laang, dass d’Gesetz iwwert de Statut vum Salarié handicapé soll reforméiert ginn. Ma do kéint sech deemnächst eppes doen. Den Aarbechtsminister weist sech oppe fir Ännerungen. Et wier an der Vergaangenheet verpasst ginn, d’Gesetz unzepassen, esou de Georges Mischo. Ma elo wier et un him als Aarbechtsminister dat unzegoen.

Och fir Patronen, déi souwisou schonn oppe si fir Leit mat enger Beanträchtegung anzestellen, wier et e Support, wann allgemeng d’Gesetz matspillt an d’Prozedure vereinfacht ginn. Egal, ob fir eng Léier oder eng fest Plaz. Fir d’Leit selwer ass besonnesch den direkte Kontakt mat interesséierten Entreprise wichteg.

Eng 1.500 Leit waren en Dënschdeg um Jobdag, dat sinn der ronn 500 méi wéi d’lescht Joer, esou d’Adem. En Jobdag, dee sech speziell u Leit mat Handicap riicht, soll och d’nächst Joer nees organiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO