Zu Bouneweg an um BelvalEng Partie Abréch an Autoen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch krut d'Police Persoune gemellt, déi an der Rue Edouard Grenier zu Bouneweg un de Klensche vun Autosdiere géifen zéien.

Wéi d’Police informéiert gouf, wier dann och schonn ee Mann an en Auto, deen net zougespaart war, geklommen.

Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer a konnt zwee Männer untreffen. An der Géigend vun deenen zwee gouf dann och eng Posch fonnt, déi aus dem Auto geklaut gouf. D’Beamten hu béid Männer kontrolléiert. Bei engem vun hinne goufen Droge séchergestallt. D’Polizisten hunn e Rapport geschriwwen.

Iwwerdeems gouf an der Nuecht op e Mëttwoch an dräi Autoen um Belval agebrach. Aus engem dovu gouf en Autosradio geklaut.

Back to Top
CIM LOGO