
Um Donneschdeg am Nomëtteg war eng Persoun an en Haus um Boulevard Charles Simonis um Cents agebrach. Hie gouf vun de Bewunner iwwerrascht an huet der Fra beim Fortlafen nach eng Auer vum Handgelenk gerappt. Si gouf just liicht blesséiert. Den Täter soll och e puer Hitt matgoe gelooss hunn.
Am méi spéiden Nomëtteg huet eng weider Persoun zu Hesper an der Route de Thionville sech Zougang zu enger Wunneng verschaaft. Och dësen Täter gouf vun der Awunnerin iwwerrascht. Hien huet sech duerch d’Fënster duerch d’Bascht gemaach.
A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt.