
Meeschtens fir Beem oder aner Objeten aus der Strooss ze huelen. 37 Mol waren och d’Ponts et Chaussées am Asaz, déi mat de Pompjeeën zesummegeschafft hunn. Kuerz virun 20 Auer huet zu Helsem bei Walfer e Blëtz an een Haus ageschloen, duerch deen den Daach ugefaangen huet mat brennen. Et ass beim Materialschued bliwwen.
De ville Reen huet d’Stroossen natierlech op ville Plazen och extrem rëtscheg gemaach: géint 20.40 Auer ass e Motocyclist zu Kietscht gefall a gouf blesséiert. Kuerz no 21 Auer war et de selwechten Zenario zu Nidderfeelen. Och do gouf de Motorradschauffeur blesséiert. Zu Essen bei Miersch ass dann nach um 22.30 Auer een Auto an e Bam gerannt. Do mellt de CGDIS ee Blesséierten.