
Esou zum Beispill en Dënschdegowend zu Péiteng. Hei huet d’Police e Chauffer observéiert, dee wärend dem Fueren en alkoholescht Gedrénks consomméiert huet. Si hunn de Mann doropshi kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Géint 19 Auer ass der Police dann e weidert Gefier, dat sech an engem schlechten Zoustand befonnt huet, zu Péiteng opgefall. Wéi si dëst doropshi kontrolléiert hunn, hu si Drogenutensilie erbléckt. En Drogentest, deen doropshi beim Chauffer gemaach gouf, war positiv. Iwwerdeems hate déi zwee Bäifuerer Droge bei sech. Déi dräi Männer duerften net weiderfueren an d’Beamten hunn e Rapport geschriwwen.
An der Nuecht op e Mëttwoch huet d’Police dann e Mann ugehalen, deen ouni Gurt mat sengem Gefier um Verluerekascht ënnerwee war. Bei der Kontroll huet et bannen am Gefier no Cannabis gericht. De Chauffer huet dann och zouginn, Cannabis consomméiert, an es och bei sech ze hunn. D’Polizisten hunn eng kleng Quantitéit vun der Drog séchergestallt an e Rapport geschriwwen.
Um 2 Auer ass enger Patrull dann e Chauffer opgefall, deen an der Rue Kahlenberg ënnerwee a Richtung Gréiwemaacher war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.