PoliceEng Partie Chaufferen haten ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, haten an der Nuecht op e Samschdeg erëm eng ganz Rei Leit ze déif an d'Glas gekuckt a sinn duerno nach mam Auto gefuer.

E puer dovu sinn de Beamten opgefall, zum Beispill well si de verkéierte Wee duerch en Tunnel gefuer sinn, se a Stroossen eragefuer sinn, an déi si net hätten dierfen erafueren oder well si am Zickzack gefuer sinn. An all dëse Fäll war de Führerschäin natierlech fort.

Derbäi kommen Alkoholkontrollen zu Fréiseng an zu Diddeleng, déi vum Parquet ordonéiert waren. Dobäi goufe méi wéi 200 Chauffere kontrolléiert. A 7 Fäll war den Alkoholtest positiv. Zweemol gouf et dofir just e Protokoll. Fënnefmol gouf Plainte gemaach an zweemol war de Permis direkt fort.

Back to Top
CIM LOGO