Op der Géigespuer an op den Tram-Schinnen ënnerweeEng Partie Chaufferen hunn de Fürerschäi wéinst Alkohol um Steier missen ofginn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg kruten eng Partie Chaufferen, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten, de Fürerschäin ofgeholl.

Esou ënner anerem eng Automobilistin, déi géint 1.30 Auer an der Rue Ermesinde an der Stad am Géigeverkéier ënnerwee war.

Um 5 Auer war enger Patrull dann e Chauffer opgefall, dee mat sengem Auto op der Penetrante de Lankelz bei engem Busarrêt stoung. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Um 6 Auer ass dann e Mann mat sengem Gefier am Garer Quartier an der Stad iwwer d’Schinne vum Tram gefuer. Och hien hat ze vill gedronk an huet de Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO