PoliceEng Partie Chauffeuren haten de Weekend ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf der Police e Samschdeg am Nomëtteg e Camionschauffer gemellt, deen op der Héicht vum Stadion zu Gaasperech Schlaangelinne gefuer ass.

De Chauffeur gouf ugehalen, den Alkoholtest ass positiv verlaf. Fir hie gouf et e provisorescht Fuerverbuet.

Méi spéit am Nomëtteg, géint 16:15 Auer koum et zu engem Accident an der Rue de Warken zu Ettelbréck. De Chauffer war mat engem grousse Planze-Back gerannt, sou dass d’Strooss deels blockéiert gouf. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn.

E Sonndeg de Moien koum et dann nees zu engem Virfall zu Ettelbréck, dat op der Häich vun der Däichhal. Hei war eng Fra am Auto, bei deem de Moto gelaf ass, ageschlof. Der Police ass et eréischt no e puer Versich gelongen, d’Fra aus dem Schlof ze rappen. Den Alkoholtest war positiv, de Führerschäi gouf agezunn.

Um 2 Auer moies e Sonndes, ass dann och e Chauffeur am Tunnel Gousselerbierg Schlaangelinne gefuer. Och hei war den Test positiv an de Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO