
Géint 19h30 e Samschdeg war en Auto zu Betteng op der Mess an en aneren Auto gerannt, dee laanscht Strooss geparkt war. De Chauffer ass geflücht, konnt awer séier vun der Police ermëttelt ginn. Well den den Alkoholtest positiv war, gouf de Fürerschäin agezunn.
Um 4 Auer Sonndegmoies war enger Patrull vun der Police dann en Auto opgefall, deen an der Géigend vu Miersch op der N7 op der Pannespuer stoung, an déi véier Winkeren un hat. Och hei hat de Chauffer ze déif an d’Glas gekuckt an de Fürerschäi gouf agezunn.
Eng Stonn drop, ass dann e Chauffer opgefall, deen zu Hamm mat sengem Gefier am Zickzack ënnerwee war an zur nämmlechter Zäit ass enger Patrull vun der Police en Auto opgefall, deen zu Esch zum Deel um Trottoir geparkt war. A béide Fäll war den Alkoholtest positiv an de Fürerschëi gouf provisoresch agezunn.
Géint 5.30 krut dann e Chauffer de Fürerschäin ofgeholl, dee mat ze vill Alkohol am Blutt mat sengem Auto duerch Biissen gefuer ass.
Zu engem weideren Accident, bei deem Alkohol am Spill war, ass et iwwerdeems schinn e Samschdegmoie komm. Géint 7 Auer krut d’Police en Auto gemellt, deen an der Kanecher Strooss zu Éiter op der Kopp leie géif. Wéi et vun der Police heescht, wier dësen éischten Erkenntnisser no mat enger Bréifboite kollidéiert an hätt sech dobäi iwwerschloen. De Chauffer krut sech vum selwen aus sengem Gefier befreit. Den Alkoholtest war positiv an d’Beamten hunn e Rapport geschriwwen.